Aktuelles

Scheckiwwerreechung vun der Chorale fir d'Fondation Kräizbierg

Vun de gesammelte Sue vum Glühwäiverkaf beim Chrëschtliddersangen an no de Chrëschtmetten konnt d'Chorale vu Wormer der Fondation Kräizbierg déi flott Zomm vun 2.000 Euro iwwerreechen. Bei enger intressanter Féierung duerch d'Atelieren um Kräizbierg zu Diddeléng hunn déi dräi Vertrieder vun der Chorale sech vun der wonnerbarer Aarbecht, déi do geleescht gëtt, iwwerzeecht.